![]() |
|
|
|
|
D'Lëntgener Uergelfrënn invitéieren Iech häerzlech op hiren éischten Benefissconcert mat uschléissendem Benefissiessen zu Gonschten vun der Lëntgener Uergel den 6. Oktober 2013. |
|
Fir unzefänken ass um 16 Auer an der Lëntgener Kierch e Benefissconcert mam Ensembel Ad Libitum: Ad Libitum ass en Instrumental- oder Vokalensembel, deen 1999 vum Rosch Mirkes gegrënnt gouf.
Fir dëse Projet ass den Ensembel aus folgende Leit zesummegesat:
Christine Goethals, chant Guy Goethals & Jehanne Strepenne, violon baroque Sabine Vermeersch, traverso Annemarie Klein, flauto dolce Jean-Luc Blasius, chalumeau Beate Wins, viola da gamba Rosch Mirkes, clavecin et orgue
Um Programm stinn Wierker vun Bononcini, Buxtehude, Loeillet, Quantz an Teleman Den Entrée ass fräi (Dauer: 90') (Ouni Reservatioun) |
||
![]() |
||