UergelRestauratiounapres140806287553

Geschicht vum Veräin

UergelRestauratiounapres140806287565Kopie

Nodeems den Här Westenfelder e puer mol drop opmierksam gemaach hat, dass d'Uergel zu Lëntgen an engem miserabelen Zoustand ass, koum et den 18. Juli 2012 zu enger éischter Réunioun an der Lëntgener Kierch, wou iwwert den Zoustand vun der Uergel geschwat gouf. Schnell stoung fest, dass en Uergelveräin huet misse gegrënnt ginn, fir déi néideg Suen eranzekréien. Den 12. Januar 2013 war dunn d'Versammlung, wou endgülteg decidéiert gouf, eng Associatioun op d'Been ze stellen. Déi éischt Posten goufe verdeelt. An de folgenden Méint ass ee Konzept ausgeschafft ginn.

Den 2. Mee war d'Grënnungsversammlung vun den "Lëntgener Uergelfrënn", wou d'Statutten ënnerschriwwe goufen. An de folgende Méint gouf u verschiddenen Aktiounen, an virun allem un der Organisatioun vum Barockconcert an vum Benefissiessen vum 6. Oktober geschafft, wat dann och een groussen erfolleg war (Fotoen). Schons am Januar 2014 war et dunn esou weit, an den Westenfelder huet ugefangen d'Lëntgener Uergel ze renovéieren. Domadder war dat éischt grouss Ziel, mat hëllef vun der Lëntgener Gemeng an enger Réih Donateuren, vun den Lëntgener Urgelfrënn errescht. Ouschteren 2014 ass dun dei néi renovéiert Uergel fir d'éischten Kéier erklongen an den 05 Oktober 2014 ass d'Uergel offiziell ageweiht ginn.

LogoUergelfrenn
Association sans but lucratif