Facebook

Uergelfrënn Lëntgen

Lëntgener Uergel

D’Lëntgener Uergel

D'Lëntgener Uergel gouf 1984 vum Westenfelder gebaut. Ufangs stoung se rechts op der Säit an ass dunn spéider bei der Restauréierung vun der Kierch an den Chouerraum geréckelt ginn, wou se nach bis haut steet. De gréissten Deel vun hire Päifen sinn aus der ieweschter Uergel geholl ginn, fir Suen ze spueren. Mee Regësteren ewéi d'Posaun 16' an d'Vox Humana si ganz nei derbäi komm. Déi wulsteg "Unterlippen" an déi mat Fächermotiven verziert "Labialschilder" vun den Holzpäifen ginn dem Prospekt eng typesch Note an dem Toun eng besonnesch Klangfaarf. 30 Joer laang ass ganz wéineg un der Lëntgener Uergel gemaach ginn. Am éischten véierel vum Joer 2014 ass se dunn renovéiert ginn, an konnt erëm an neiem Klang Ouschteren 2014 erkléngen. An den 5. Oktober 2014 ass se dann och offiziell ageweit ginn.

Dispositioun

1. Manual; Haptwierk

Principal 8’

Rohrflöte 8’

Octave 4’

Traversflöte 4’

Octave 2’

Mixtur 1 ’ 4-fach

Trompete 8’


2. Manual; Schwellweirk

Salicional 8’

Gedackt 8’

Gemshorn 4’

Nasat 2

Blockflöte 2’

Terz 1 3/5’

Quint 1

Vox Humana 8’


Tremulant


Pedal C-F’

Subbass 16’

Flöte 8’

Flöte 4’

Posaune 16’


Spielhilfen

Normalkoppeln: II-I; I-P; II-P

Jalusiennschweller II

Schleifladen


Mechanische Traktur

Facebook

At info@uergelfrennlentgen

Map Pin 17, rue du Cimetière

L-7447 Lintgen