Facebook

Uergelfrënn Lëntgen

Historique

Nodeems den Här Westenfelder e puer mol drop opmierksam gemaach hat, dass d'Uergel zu Lëntgen an engem miserabelen Zoustand ass, koum et den 18. Juli 2012 zu enger éischter Réunioun an der Lëntgener Kierch, wou iwwert den Zoustand vun der Uergel geschwat gouf. Schnell stoung fest, dass en Uergelveräin huet misse gegrënnt ginn, fir déi néideg Suen eranzekréien. Den 12. Januar 2013 war dunn d'Versammlung, wou endgülteg decidéiert gouf, eng Associatioun op d'Been ze stellen. Déi éischt Posten goufe verdeelt. An de folgenden Méint ass ee Konzept ausgeschafft ginn.

Den 2. Mee war d'Grënnungsversammlung vun den "Lëntgener Uergelfrënn", wou d'Statutten ënnerschriwwe goufen. An de folgende Méint gouf u verschiddenen Aktiounen, an virun allem un der Organisatioun vum Barockconcert an vum Benefiziessen vum 6. Oktober  geschafft, wat dann och een groussen Erfolleg war. Schonn am Januar 2014 war et dunn esou weit, an d’Firma Westenfelder huet ugefangen d'Lëntgener Uergel ze renovéieren. Domadder war dat éischt grouss Ziel, mat Hëllef vun der Lëntgener Gemeng an enger Réi Donateuren, vun den Lëntgener Urgelfrënn erreecht. Ouschteren 2014 ass dunn déi nei renovéiert Uergel fir d'éischten Kéier geklongen an den 05 Oktober 2014 ass d'Uergel offiziell ageweit ginn.

Memberen

President:

Vize-President:

Keessier:

Sekretär:

Memberen:

HERR Georges

LOEWEN Marc

JACOBS Rita

KRECKE Marco

HANCK-CONTER Andrée

DERKUM Paul

HANCK Ralph

HAECKER Tristan

Facebook

At info@uergelfrennlentgen

Map Pin 17, rue du Cimetière

L-7447 Lintgen