Safe the Date
Hei fann Dir Datumer vun Concerten an aneren Evenementer vun der Lëntgener Uergelfrënn:
- 05. Oktober 2025: Uergelconcert mam Valérie Stammet (Sopran); Jehanne Strepenne (Violon) a Rosch Mirkes (Uergel)
- 01. November 2025: Kaffisstuff
- 08. Februar 2026: Uergelconcert Kapell Goussel
News
Hei fann dir méi genau Infoen zu deenen nächsten Evenementer:
Concert Orgue,
Violon et Soprano
Mir lueden Iech häerzlech an
op eisen traditionelle Concert,
Sonndeg, de 05. Oktober 2025 um 17h00
zu Lëntgen an der Kierch (église St. Pierre Lintgen).
Solisten sinn d’Sopranistin Valérie Stammet an d’Géiistin Jehanne Strepenne.
Si gi begleet op der Uergel vum Rosch Mirkes.
Um Programm sti Wierker vu J.S. Bach, Georg Friedrich Händel, Jean-Baptiste Loeillet, etc.
Freet iech op e schéine musikalesche Moment!
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!
Aal News
Hei fann dir méi genau Infoen zu den vergangenen Evenementer:
Nouveau Orgue à Lintgen
Den 13. Juni 2025 gouf
d’“Maison de l’orgue“, ageweit.
An dëser eemolegen Uergelfabrik
ass am groussen Event-Sall
eng Uergel vum Westenfelder ze fannen!
Ein deutsches Barockrequiem
Vox Luminis (B)
Am Kader vun de Rencontres musicales de la vallée de l’Alzette (RMVA)
fënnt den 16. Mäerz um 17.00 Auer
e Concert mam Orchester Vox Luminis (B) statt.
Dësen aussergewéinlechen Barockensembel presentéiert eis
„Ein deutsches Barockrequiem“ vum Johannes Brahms.
weider Infoen: https://rmva.lu/fr/agenda
Matinée Musicale avec Conférence
Mir lueden Iech häerzlech an
op eis Matinée Musicale mat Konferenz.
Den 02. Februar 2025 um 16h00
zu Goussel an der Kapell.
Solist ass de Pol Serra, begleet op der Uergel vum Marc Loewen.
Um Programm sti Wierker vu J.S. Bach, Girolamo Frescobaldi, William Byrd, etc.
Den Paul Derkum hält als kleng Interluden eng Konferenz ënnert dem Titel „Eis Kapell, e Stéck Gousseler Duerfgeschicht“ iwwert d’Gousseler Kapell an hir Uergel.
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!
Kaffisstuff
Allerhellegen ass en Dag, wou déi al Lëntgener, fir kuerz Zäit nees heem op de Kierfecht kommen an do bekannt Gesiichter erëm gesinn.
D’Uergelfrënn Lëntgen invitéieren Iech
den 01. November 2024 no der Griewerseenung
an d’Veräinshaus op hier traditionell Kaffisstuff,
fir al Erënnerungen bei Kaffi, Téi a Kuch opzefrëschen.
Mir freeën eis Iech op der Kaffisstuff kennen ze begréissen!
Concert Uergel a Saxophon
Mir lueden Iech häerzlech an
op eisen Uergelconcert mat Saxophon.
Den 06. Oktober 2024 um 17h00
zu Lëntgen an der Kierch.
Um Saxophon spillt d’Lynn Gloden, begleet op der Uergel vum Marc Loewen.
Um Programm sti Wierker vu Bach, Bédard, Glass, Ad Wammes, Torke, etc.
Den Entrée ass fräi!
Mir freeën eis schon
Iech op dësem Rendez-Vous
kennen ze begréissen!