Facebook

Uergelfrënn Lëntgen

Aal Haupt-Uergel

Déi aal Haupt-Uergel

D’Uergel gouf 1954 vun der „Manufacture d’orgues Georges Haupt“ vu Lëntgen gebaut. Si steet um Duckssall vun der Kierch am Géigendeel zu der neier Uergel am Chouerraum. D’Gehäis, de Buffet an de Spilldësch, esou ewéi d’ganz Technik vun der Uergel sinn erhale bliwwen, nodeems d’Kierch 1984 déi nei Uergel krut. Sämtlech Registeren sinn an déi nei Uergel iwwerholl ginn, mat Ausnahm vum Prinzipal 8’ (dëse steet am Buffet vun der Uergel) an der ënneschter Oktav vum Gemshorn 8’ (dëse gouf an der neier Uergel fir d’Gemshorn 4’ genotzt).

Leider ass d’Uergel net méi spillbar.

Dispositioun

Haupt 1956 II/14


1. Manual; Haptwierk

Boudon 16’

Principal 8’

Gemshorn 8’

Rohrflöte 4’

Blockflöte 2’

Mixtur 3fach




2. Manual; Schwellwierk

Gamba 8’

Salicional 8’

Flûte d’amour 4’

Quinte 2

Terz 1 3/5’

Trompete 8’


Pedal C-F’

Subbass 16’

Oktavbass 8’


Spielhilfen

Normalkoppeln: II-I; I-P; II-P

Superkoppeln: I-I; II-I; II-II

Subkoppeln: II-I


Jalusiennschweller II


1 freie Kombination

4 feste Kombinationen


Elektropneumatische Traktur, Kegellagen

Facebook

At info@uergelfrennlentgen

Map Pin 17, rue du Cimetière

L-7447 Lintgen