Historique
Nodeems den Här Westenfelder e puer mol drop opmierksam gemaach hat, dass d'Uergel zu Lëntgen an engem miserabelen Zoustand ass, koum et den 18. Juli 2012 zu enger éischter Réunioun an der Lëntgener Kierch, wou iwwert den Zoustand vun der Uergel geschwat gouf. Schnell stoung fest, dass en Uergelveräin huet misse gegrënnt ginn, fir déi néideg Suen eranzekréien. Den 12. Januar 2013 war dunn d'Versammlung, wou endgülteg decidéiert gouf, eng Associatioun op d'Been ze stellen. Déi éischt Posten goufe verdeelt. An de folgenden Méint ass ee Konzept ausgeschafft ginn.
Den 2. Mee war d'Grënnungsversammlung vun den "Lëntgener Uergelfrënn", wou d'Statutten ënnerschriwwe goufen. An de folgende Méint gouf u verschiddenen Aktiounen, an virun allem un der Organisatioun vum Barockconcert an vum Benefiziessen vum 6. Oktober geschafft, wat dann och een groussen Erfolleg war.
Schonn am Januar 2014 war et dunn esou weit, an d’Firma Westenfelder huet ugefangen d'Lëntgener Uergel ze renovéieren. Domadder war dat éischt grouss Ziel, mat Hëllef vun der Lëntgener Gemeng an enger Réi Donateuren, vun den Lëntgener Urgelfrënn erreecht. Ouschteren 2014 ass dunn déi nei renovéiert Uergel fir d'éischten Kéier erklongen an den 05 Oktober 2014 ass d'Uergel offiziell ageweit ginn.
No der Renovatioun hunn d’Uergelfrënn et sech zur Aufgab gesat d’Uergelen vun de Lëntgener Kierchen ze erhalen an d’Kulturliewen am Duerf mat Concerten ze beräicheren.
Zanter 2014 ass domadder all 1. Sonndeg am Oktober e Concert an der Lëntgener Kierch op der Westenfelder-Uergel organiséiert ginn.
2023 war den éischte grousse Gebuertsdag vum Veräin 10 Joer goufe geféiert mat engem grousse Concert am Oktober 2023 an am Januar 2024 mat enger Seance Accadémique wou den Paul Derkum op d’Geschicht vun der Lëntgener Kierch an Uergel agaangen ass. Dës gouf musikalesch ënnermoolt vum Marc Loewen op der Uergel.
Zanter 2025 gëtt eemol d’Joer e Concert an der Gousseler Kierch organiséiert. Nieft dëse Concerten gëtt op Allerhellegen d’Kaffisstuff no der Griewerseenung am Veräinssall organiséiert fir Suen fir d’Lëntgener Uergelen ze sammelen.
Am Juni 2025 konnt eng privat Uergel am Duerf begréisst ginn. Mat der Ouverture vun der „Maison de l’orgue“ gouf den Site vun der aler Uergelfabrik opgewäert an dem Andreas Westenfelder seng lescht Uergel, esou wéi e Positiv goufen fir de Publik zougänglech.
Memberen
President:
Vize-President:
Keessier:
Sekretär:
Memberen:
HERR Georges
LOEWEN Marc
JACOBS Rita
KRECKE Marco
HANCK-CONTER Andrée
DERKUM Paul
HANCK Ralph
ZEILINGER Jakob